Refine
Clear All
Your Track:
Live:
Search in:
Humanities Talk
Humanities Talk

Humanities Talk

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher. "Humanities Talk" ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mä Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnamegeräter. A matzen dra sëtze Leit, déi mat detektiveschem Äifer déi Spuren analyséieren, déi d'Mënschheet hannerléisst. Eng Kéier am Mount trëfft d'Danièle Wecker um radio 100,7 Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d'Gespréich iwwert hir aktuell Projeten.

Available Episodes 10

Och Lëtzebuerg spillt eng grouss Roll an der Formatioun vun de Stolkarteller. Nom Zweete Weltkrich huet sech e mythologeschen Narrativ gebilt, deen dës Allianzen als Virreider vun engem europäesche Gedanken ouni Handelgrenze gesinn huet, een Narrativ, deen den Historiker Paul Feltes awer konsequent ofleent. Danièle Wecker ënnerhält sech mam 2019er Laureat vum 2019er Prix Emile an Aline Mayrisch iwwer seng Fuerschung.

De Resistenzmusée zu Esch kritt en neit Gesicht a presentéiert eng komplett nei Ausstellung an der zweeter Hallschent 2021. Grond genuch fir d'Danièle Wecker mat enger vun den Historiker aus dem Musée ze ënnerhalen. D'Elisabeth Hoffmann gëtt e klengen Abléck, wat de Visiteur d'nächst Joer erwaart an ënnerhält sech iwwer Kontroversen am Musée iwwer déi leschte Joren, de komplett neien Opbau vun der Ausstellung a modern Mesuren, déi de Contenu engem Public, deen den Zweete Weltkrich net erlieft huet, solle méi no bréngen.

Zanter der Annexioun vu verschiddenen ostbelsche Kreesser, ënner anerem Eupen a Malmedy am Joer 1920, spille sech op dësem Terrain net just sproochlech, politesch a kulturell Deitungskämpf of, mee och ganz essentiell Parametere vun Nationalidentitéit ginn hei ëmmer erëm nei definéiert. Esou kann dës Regioun an der Zäit vun 1920 bis haut och als Spigelbild vu wiesselende Muechtpolitiken tëschent den Zentre Bréissel a Berlin gesi ginn, an där sech och d'Zerrassenheet vun der Neizäit erëmspigelt, seet den Zäithistoriker Christoph Brüll.

Den 28. September 2019 gouf zu Lëtzebuerg de Centenaire vun der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht gefeiert. Méi wéi Grond genuch fir d'Chamber sech mam Musée national d'histoire et d'art zesummen ze di fir eng Ausstellung iwwer d'Thema op d'Been ze setzen. Déi Haaptresponsabel Renée Wagner a Régis Moes hunn de Wee an de Studio fonnt fir iwwer dëse Projet ze schwätzen.

D'Geschicht vun der ARBED an hir Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft ass wuel jiddwerengem ee Begrëff, mee d'Kreatioun vun enger zweeter Firma duerch d'ARBED am brasilianesche Minas Gerais am Ufank vum 20. Joerhonnert ass net vill am ëffentleche Bewosstsinn. Dr. Irma Hadzalic fuerscht an hirer Thees iwwer Prozesser vu sozialen Initiativen, déi d'ARBED eent zu eent wollt a Brasilien implementéieren. Si fënnt eraus, datt d'Motivatioune vun der ARBED net eleng engem renge Sozialgeescht gedéngt waren.

De Mediewëssenschaftler Tim van der Heijden huet am Kader vum Projet "Changing platforms of ritualized memory practices. The cultural dynamics of home movies" d'Geschicht vum Amateurfilm recherchéiert. Dëse Projet kuckt sech de sougenannten Home Movie vum Ufank vun der Kamera 1895 bis d'Opkomme vun der digitaler Medieplattform YouTube 2005 un. Dobäi huet de van der Heijden sech besonnesch op Phas vum technologesche Wiessel konzentréiert a konstatéiert, datt sech net nëmmen d'Instrument ännert mat deem de private Filmemacher schafft, mee esou guer d'Aart a Weis, wéi sech erënnert gëtt. D'Danièle Wecker ënnerhält sech mam Tim vun der Heijden iwwer Verännerungen am private Film.

D'Sproochwëssenschaftlerin Judith Manzoni beschäftegt sech an hirer Aarbecht als éischte Linguistin mam Intonatiounssystem - dat heescht verschidde Muster vu Betounung - an a vun der Lëtzebuerger Sprooch. Net nëmme bestëmmt si verschidden universell Musteren an der Sprooch mee definéiert och hir Funktioun am Discours an analyséiert ob a wéini Lëtzebuerger hire Sproochrhythmus an hir Betounung am Däitschen a Franséische bäihalen a wéini net. D'Judith Manzoni schwätzt mat eis iwwert Sprooch, Betounung an hiert Experiment an deem si mat originelle Methoden huet missen opkomme fir Resultater ze kréien.

D'Literaturwëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz analyséiert an hirer 2018 ofgeschlossener Thees verschidden Aspekter vum Professionaliséierungsprozess an a vun der Lëtzebuerger Literatur. Si fokusséiert literaresch Produktiounen, d'Grënne vun diversen institutionelle Medien a Formen an awer och eng méi vag Notioun vun engem Wouerhuele vu sech selwer als literareschen Acteur. Esou beliicht si en diverse Prozess an der Period Nokrichszäit bis zu de produktiven 80er Joren, wou d'Lëtzebuerger Literatur net nëmmen e grousse Wandel an hirer Bestëmmung, hirem Toun an hirer Form duerchmécht, mee aus hirem eegene Schiet eraustrëtt an hir eege Stëmm oder Stëmme fënnt.

Den Ethnograph Bernardino Tavares huet 2018 seng Fuerschungsaarbecht iwwer kapverdianesch Migratioun ofgeschloss. Hie kuckt sech net nëmme Lëtzebuerg als Land vun Immigratioun mee och d'Kapverden als Land vun Emigratioun an d'Trajectoiren dertëscht un. Wat als éischt emol verwonnert, ass d'Visibilitéit vu Lëtzebuerg an der ëffentlecher Landschaft vun de Kapverden an d'Iddi, déi vill Kapverdianer vu Lëtzebuerg als mythescht Paradäis hunn. D'Situatioun hei am Land erweist sech awer dacks als schwéier, wann d'Migrante mat der multilingualer Realitéit konfrontéiert ginn. Wou muncheree vläicht mengt, d'Sproochesituatioun géing et méi einfach maachen e linguistesche Raum ze fannen, esou ass et, dem Bernardino Tavares no, awer grad méi schwéier, well Sprooch dacks instrumentaliséiert gëtt fir enger Bevëlkerungsschicht, wéi och de Migranten, verschidden Accèsen ze verweigeren a verstoppt och en ënnerleiende Rassismus.

Am Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften ass den Historiker Tobias Vetterle op Besuch. Hien huet sech mam Discours ëm d'politesch Participatioun zu Lëtzebuerg vun 1960 bis 1990 auserneegesat. Fir hien ass dëst e Raum dee sech opdeet an deem sech de Prinzip vun Demokratie ëmmer erëm selwer muss fannen oder erfannen. D'Danièle Wecker am Gespréich mam Historiker.